The Disliked unplugged & Short-film Release "Hi again!"
Freides, den 8. Mee 2015 huet "The Disliked" di éischte Kéier an hierem Heemeschtsduerf Biergem e Concert ginn, an dobäi nach "unplugged".
Ronn 160 Leit hun deen Owend mat "de Jongen" am Kulturzentrum "Beim Nëssert" gefeiert an den zweestënneche Concert mat enger sëllechen Zousaatzmusiker (Cello a Gei) genoss. D’Geschicht vun The Disliked huet zu Biergem an engem Keller an der “op Felsduerf’s” Strooss ugefaang. Mëttlerweil gehéieren si zu deene bekannteste Gruppen aus Lëtzebuerg.
Säit 12 Joer begeeschteren “d’Jongen” Jonk a manner Jonk matt hirem energiegeluedenen a charmante Mix aus Reggae, Ska, Punk an Hip Hop Beats. No zwee Studio- an engem Livealbum, hunn The Disliked nei Lidder am Gepäck.
--------------------------
Raphael Dumont
Gesang
Laurent Biver
Guitar
Cedric Metz
Guitar
Chilles
Trompett
Jean Hommel
Bass
John Ragga
Drums









