Nuit du Sport 2022

Nuit du Sport 2022

Déi 13. Editioun vun der Nuit du Sport steet virun der Dier an och mir sinn (nees) als Gemeng mat um Start! 💪

De Samschden, 11. Juni, invitéiere mir Iech ënnert dem Motto ,,Gesond iessen, Méi bewegen’’ (GIMB), op e flotten Dag, gefëllt mat Sport a Spaass! Zesumme mat de Clibb an Associatiounen aus eiser Gemeng proposéiere mir Iech eng grouss Auswiel u klassesche Sportaarten, wéi Badminton, Fussball a Volleyball, an originellen Disziplinnen wéi Curling a Breakdance, déi dir schonn ëmmer ausprobéiere wollt 🤩

Markéiert Iech d’@Nuit du Sport 2022 elo grouss am Kalenner an huelt deel un eisem flotte Programm fir Grouss a Kleng 📌

➡ Eise Programm an d’Aschreiwungsméiglechkeete fannt Dir um Link: