
SICONA│Klimabonus Mouer a Wiss
Mat der am Fréijoer nei agefouerte Prime vum Ministère de l'Environnement, du Climat et de la Biodiversité fir Privatleit, gëtt de Beitrag fir de Klimaschutz honoréiert. Aarteräich Wisen a Fiichtgebidder erbrénge fir eis Mënsche wäertvoll Ökosystemleeschtungen:
Sie späichere CO2 an hëllefe beim Klimaschutz, filteren a späichere Waasser, fërderen eis Bestëbser, sinn e wäertvolle Liewensraum fir Planzen an Déieren an - net ze lescht - fërdere si och eis Gesondheet.
Huet een esou Gréngland- oder Fiichtbiotopen an engagéiert sech fir 10 Joer fir d’Erhalen oder hir Verbesserung, kann een de „Klimabonus Mouer a Wiss“ ufroen. De Formulär fir d‘Demande steet op https://guichet.public.lu/.../mai/14-primes-klimabonus.html a ka bei der Administration de la nature et des forêts gestallt ginn. De 𝗦𝗜𝗖𝗢𝗡𝗔 beréit hei gären.
Méi Infoen zu den eligibele Biotoptypen an och zu der Héicht vun de Primme fannt Dir um Flyer.