Jugendrallye 2026
- Date le 18.04.2026 de 14:00 à 22:00
- Lieu Centre d’Incendie et de Secours (Pontpierre)
D’Gemeng Monnerech an Zesummenaarbecht mat der Jugendkommissioun, dem JUMO, der Monnerecher Musek an dem CISMR, organiséiert hiren 2. Jugendrallye.
Falls du mat denger Ekipp interesséiert bass matzemaachen, fënns du hei e puer wichteg a nëtzlech Informatiounen:
De Rallye ass den 18. Abrëll 2026
- Umeldeschluss ass den 3. Abrëll 2026
- Check-in ass vu 14-15h beim Pompjeesbau zu Steebrécken (6, Grand-Rue L-4393 Steebrécken)
- Enn vum Rallye ass beim Jugendhaus zu Monnerech (1, rue de l'Eglise, L-3917 Monnerech)
- Mam Bus:
Arrêt Steebrécken, Pompjeesbau (Linn 612, Linn 643 oder Linn 755)
Arrêt Steebrécken, Op der Bréck (Linn 641)
Arrêt Steebrécken, Koppbierg (Linn 611, Linn 612, Linn 643, Linn 755) - Parkméiglechkeet zu Steebrécken hannert der Schoul
- Méiglechkeet beim Pompjeesbau kuerz mam Auto stoen ze bleiwe fir een eraus ze loossen
- All Ekipp muss aus 4 bis 6 Leit bestoen
- Fir Jonker tëscht 12 a 26 Joer
- D’Participatioun kascht 5€ pro Persoun
- An deene 5€ ass en Iessen (Grill) an e Gedrénks mat abegraff
- W.e.g. eng regruppéiert Bezuelung maachen (zB: 5 Persounen à 25€ iwwerweisen)
- Bei der Bezuelung d’Mentioun ‚Jugendrallye + Numm vun der Ekipp‘ an der Kommunikatioun uginn
- D’Umeldung ass fix, soubal bezuelt ass
- Fir de Wee brauchs de d’App ‘Komoot’. Se ass gratis.